HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm um Internetsite vum Projet HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Ufroen fir Material auszeléinen kënne per Email oder Telefon gemat ginn.

Mir freeën eis iwwer all Ufroen a Réckmeldungen:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

De frommen Tom - en echte Simmer Ritter

zip | 2.05 Mo
Télécharger
An dëser Kuerzgeschicht gëtt d‘Liewensgeschicht vum Ritter Thomas de Septfontaines, en historesche Personnage aus dem fréien 14. Jh deen op der Buerg Simmer gelieft huet, erzielt. Dës wouer Geschicht berout op dokumentéierten Erzielungen a kann als Astig an d‘Thema Mëttelalter am C4 geholl ginn.
De frommen Tom - en echte Simmer Ritter

Iwwersiichtskaart Simmer

zip | 11.87 Mo
Télécharger
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der fréierer Gemeng Simmer. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de SchülerInnen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Iwwersiichtskaart Simmer

Lapbook Liewen op der Buerg

zip | 62.91 Mo
Télécharger
Sammlung vun Inhalter iwwert d‘Buerg Simmer a seng Bewunner am 14. Joerhonnert. D‘SchülerInne vum Cycle 4 kennen mat dëser Sammlung u verschiddenem Material selwer e „Lapbook“ iwwert d‘Roll vum Ritter an der Buergfra am Mëttelalter zesummestellen. Dëst mat konkretem Bezuch zur Uertschaft Simmer.
Lapbook Liewen op der Buerg