HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm um Internetsite vum Projet HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Ufroen fir Material auszeléinen kënne per Email oder Telefon gemat ginn.

Mir freeën eis iwwer all Ufroen a Réckmeldungen:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Animatiounsfilm "Al Schmelz" Steinfort

Télécharger
zip | 1.16 Mo
En Animatiounsfilm weist d‘Funktiounsweis vun der Aler Schmelz zu Stengefort mat Erklärungen zu den Ofleef an der Schmelz an den eenzelne Gebaier.
Et ass e kuerzen Erklärvideo komplementar zum Unterricht. Dozou kann d'Maquette vum Site "Al Schmelz Stengefort" an enger Gruppenaarbecht realiséiert ginn.

Animatiounsfilm "Al Schmelz" Steinfort

Atelier D'Mëttelalter am Äischdall entdecken - Cycle 2

pdf | 615.76 Ko
Télécharger
Bei dëser Visitt guidée fir de Cycle 2 kréien d'SchülerInnen d'Buerg Huelmes an d'Mëttelalter am Äischdall aus der Siicht vu verschiddene Standpunkten erkläert, Natur, Waasser, Architektur am Mëttelalter a villes méi.
Kontakt a Programm am Fichier.
Atelier D'Mëttelalter am Äischdall entdecken - Cycle 2

Atelier D'Mëttelalter am Äischdall entdecken - Cycle 4

pdf | 616.8 Ko
Télécharger
Bei dëser Visitt guidée fir de Cycle 4 kréien d'SchülerInnen d'Buerg Huelmes an d'Mëttelalter am Äischdall aus der Siicht vu verschiddene Standpunkten erkläert, Entdeckung vun der Buerg an hierer Bauweis, d'Liewen am Mëttelalter (z.B. mat passendem Mëttegiessen), Spuren aus der Vergaangenheet erkennen a villes méi.
Kontakt a Programm am Fichier.
Atelier D'Mëttelalter am Äischdall entdecken - Cycle 4

Ausfluch an d'Steekolle vu Stengefort

zip | 9.52 Mo
Télécharger
Eng Geschicht mat zwee Personnagen (d‘Gréitchen an de Péitchen) begleet d‘Klass iwwer verschidde Statiounen (Schoul, Villa Collart, Schmelz, Schlakentipp, Schinnen Atertlinn,...) bis bei déi ehemoleg Steekaulen ënnerhalb vum Schwaarzenhaff. Ënnerwee si verschidden Aktivitéite mat der Klass virgesinn: Froe beäntwerten, ee Gruppespill, en Orientéierungsspill a Material sammele fir eng Bastelaktivitéit, Bastelen an Fotoe maachen.
D'Kostümer fir d'Fotoen ze maachen kënnen op Ufro beim LEADER Büro ausgeléint ginn. Ufro wgl. mindestens eng Woch am Viraus.
Ausfluch an d'Steekolle vu Stengefort

Modell a Maquette Al Schmelz

zip | 100.81 Mo
Télécharger
D‘SchülerInne vum Cycle 4 kënne mat dësem Fichier selwer e Modell vun der Aler Schmelz zesummebastelen.
D‘Schmelz ass gewise wéi se em d‘Joer 1915 zu Stengefort tatsächlech stoung a funktionnéiert huet. De Modell ass am Moossstaf vun 1:20. Et ass recommandéiert am Virfeld den Animatiounsfilm „Al Schmelz“ ze kucken.
Modell a Maquette Al Schmelz

Theaterstécker aus 3 Epochen

zip | 2.84 Mo
Télécharger
3 verschidden Theaterstécker fir jeeweils 5-6 Kanner aus dem Cycle 4.
Themen: Gallo-Réimer, Mëttelalter an 2. Weltkrich.
All Theaterstéck ass komplett mat Regieuweisungen a Kostümer, déi kënnen um LEADER Büro ausgeléint ginn.
Theaterstécker aus 3 Epochen

Visite guidée Al Schmelz

zip | 1.02 Mo
Télécharger
Bei dëser Visitt guidée kréien d'SchülerInnen d‘Funktiounsweis vun der ehemoleger Aler Schmelz zu Stengefort erkläert.
Um Flyer ass de Plang ze gesinn, wéi de Site deemools ausgesinn huet an d'Funktioune vun den eenzele Gebaier sinn erkläert. Mat engem Quiz, engem Animatiounsfilm an der Kreatioun vun engem klenge Gadget gëtt d'Visitt ofgeschloss. D'Aktivitéit kann direkt beim Guide gebucht ginn (Kontakt am Fichier).
Visite guidée Al Schmelz