HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm um Internetsite vum Projet HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Ufroen fir Material auszeléinen kënne per Email oder Telefon gemat ginn.

Mir freeën eis iwwer all Ufroen a Réckmeldungen:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Atelier Wäsche fréier an haut

zip | 5.67 MB
Herunterladen
Aktivitéit fir de Cycle 3
A villen Dierfer existéiert nach e Wäschbuer vu fréier. Eng Aktivitéit iwwert d‘Thema Wäschen - fréier an haut, mat 2 Geschichten.
D‘Zil vun der Aktivitéit ass et de SchülerInnen d‘Ënnerscheeder ze weisen tëschent dem Wäsche fréier an haut. Durch de prakteschen Deel gëtt hinne vermëttelt, wat Wäsche fréier bedeit huet am Verglach zu haut. Dat neidegt Material kann beim LEADER Büro ausgeléint ginn.
Atelier Wäsche fréier an haut

D'Geheimnis vum Gréiweschlass

zip | 5 MB
Herunterladen
D'Aktivitéit ass recommandéiert fir d‘Cyclen 1 & 2 & 4.
D'Geschicht mëscht d'SchülerInnen mam Käercher Gréiweschlass, dem Liewen am Mëttelalter a verschiddenen historeschen Personnagen vertraut. Eng léif Geschicht mat Happyend ronderëm en trauregen Deel vun der Käercher Geschicht, d'Hexeverfollegung am 17. Jhd.
Eng einfach geschriwwe Geschicht fir virzeliese mat passenden Illustratiounen.
Kann am Cycle 4 als Aleedung an d'Thema Mëttelalter genotzt ginn.
D'Geheimnis vum Gréiweschlass

D'Liewe wéi fréier

zip | 12.48 MB
Herunterladen
Dës Aktivitéit ass recommandéiert fir de Cycle 1 an 4.
Eng Geschicht iwwert d‘Liewen am ländlechen Duerf Koler em 1350. Als Virliesgeschicht fir d‘Kanner aus dem Cycle 1 an als Geschicht fir selwer ze liesen fir d‘Kanner aus dem Cycle 4.
D'Geschicht ass op Lëtzebuergesch geschriwwen.
Inhalter C1:
Wéi liewen d‘Léit am Duerf? Wéi liewen d‘Léit op der Buerg?
Inhalter C4:
Wéi liewen d‘Léit am Duerf? Tempelritter - Wat ass dat?
D'Liewe wéi fréier

Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

zip | 5.96 MB
Herunterladen
Aktivitéit recommandéiert fir d‘Cyclen 1-4.
Geschichten iwwert d‘Legenden aus der Gemeng Helperknapp. D‘Geschichte sinn einfach opgebaut a kënnen als Virliesgeschicht benotzt ginn awer och ab dem Cycle 3 vun der SchülerInne selwer gelies ginn. D‘Illustratioune weise wat an de Geschichte geschitt.
Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

Iwwersiichtskaart Garnech

zip | 1.08 MB
Herunterladen
Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen. Se kann awer och an anere Fächer genotzt ginn, z.B. am Sproochenunterricht.
Iwwersiichtskaart Garnech

Iwwersiichtskaart Helperknapp

zip | 2.55 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Helperknapp. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Iwwersiichtskaart Helperknapp