HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm um Internetsite vum Projet HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Ufroen fir Material auszeléinen kënne per Email oder Telefon gemat ginn.

Mir freeën eis iwwer all Ufroen a Réckmeldungen:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

3 clever Butzen

zip | 2.54 MB
Herunterladen
Ee Nomëtten mam Maria, Myriam a Marco zu Mamer...
Eng Virliesgeschicht iwwert d’Gemeng Mamer mat Illustratiounen. Kanner aus méi héije Cyclen, kënnen d’Geschicht selwer liesen.
Inhalt: Soen a Legenden, wichteg Plazen an historesch Perséinlechkeeten aus der Gemeng
3 clever Butzen

Atelier Wäsche fréier an haut

zip | 5.67 MB
Herunterladen
Aktivitéit fir de Cycle 3
A villen Dierfer existéiert nach e Wäschbuer vu fréier. Eng Aktivitéit iwwert d‘Thema Wäschen - fréier an haut, mat 2 Geschichten.
D‘Zil vun der Aktivitéit ass et de SchülerInnen d‘Ënnerscheeder ze weisen tëschent dem Wäsche fréier an haut. Durch de prakteschen Deel gëtt hinne vermëttelt, wat Wäsche fréier bedeit huet am Verglach zu haut. Dat neidegt Material kann beim LEADER Büro ausgeléint ginn.
Atelier Wäsche fréier an haut

D'Geheimnis vum Gréiweschlass

zip | 5 MB
Herunterladen
D'Aktivitéit ass recommandéiert fir d‘Cyclen 1 & 2 & 4.
D'Geschicht mëscht d'SchülerInnen mam Käercher Gréiweschlass, dem Liewen am Mëttelalter a verschiddenen historeschen Personnagen vertraut. Eng léif Geschicht mat Happyend ronderëm en trauregen Deel vun der Käercher Geschicht, d'Hexeverfollegung am 17. Jhd.
Eng einfach geschriwwe Geschicht fir virzeliese mat passenden Illustratiounen.
Kann am Cycle 4 als Aleedung an d'Thema Mëttelalter genotzt ginn.
D'Geheimnis vum Gréiweschlass

D'Liewe wéi fréier

zip | 12.48 MB
Herunterladen
Dës Aktivitéit ass recommandéiert fir de Cycle 1 an 4.
Eng Geschicht iwwert d‘Liewen am ländlechen Duerf Koler em 1350. Als Virliesgeschicht fir d‘Kanner aus dem Cycle 1 an als Geschicht fir selwer ze liesen fir d‘Kanner aus dem Cycle 4.
D'Geschicht ass op Lëtzebuergesch geschriwwen.
Inhalter C1:
Wéi liewen d‘Léit am Duerf? Wéi liewen d‘Léit op der Buerg?
Inhalter C4:
Wéi liewen d‘Léit am Duerf? Tempelritter - Wat ass dat?
D'Liewe wéi fréier

Das kleine Kräuterbuch

zip | 3.28 MB
Herunterladen
Dëst ass en Heft ronderëm d‘Simmerfarm an hir Produkter, verschidde Kraider an hier Verwendungsméiglechkeeten. Am Heft fënnt een eng Réi Aktivitéiten déi mat de Kraider kënnen ëmgesat ginn. Am Heft sinn Aktivitéiten fir verschidden Altersstufen ze fannen.
Das kleine Kräuterbuch

Dinosaurier in Brouch

zip | 3.71 MB
Herunterladen
Zu Brouch am Steebroch goufe virun e puer Joer Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fonnt. Wéi kommen déi dohinn a wat war dat fir en Dinosaurier? Bei dëser Aktivitéit kënnen d'SchülerInnen dat erausfannen. Si gruewen en Ee aus, klappen et op an entdecke bannendran en Dinosaurier(skelett) aus Plastik. Eng Geschicht féiert un d'Aktivitéit erun.
D'Material fir d'Aktivitéit ka beim LEADER Büro op Ufro ausgeléint ginn. Ufro wgl. mindestens eng Woch am Viraus.
Dinosaurier in Brouch

Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

zip | 5.96 MB
Herunterladen
Aktivitéit recommandéiert fir d‘Cyclen 1-4.
Geschichten iwwert d‘Legenden aus der Gemeng Helperknapp. D‘Geschichte sinn einfach opgebaut a kënnen als Virliesgeschicht benotzt ginn awer och ab dem Cycle 3 vun der SchülerInne selwer gelies ginn. D‘Illustratioune weise wat an de Geschichte geschitt.
Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

Geschicht "Beim Wäschbuer"

zip | 4.51 MB
Herunterladen
Wéi gouf fréier gewäsch? Eng lëschteg Geschicht, déi d‘SchülerInne kënnen nostelle mat hire Kostümer.
Geschicht iwwert d‘Liewe vum Tom (historesche Personnage aus Simmer am Ufank vum 14. Jh). An dëser kuerzer Geschicht ass een Nomëtten am Tom sengem Liewen als Bouf op der Simmer Buerg erausgegraff. Der Geschicht no, souz den Tom als Bouf gäre beim Wäschbuer fir de Fraen aus dem Duerf bei hirer Aarbecht nozekucken an dem Gespréich nozelauschteren.
Passend Kostümer kënnen op Ufro beim LEADER Büro ausgeléint ginn. Ufro wgl. mindestens eng Woch am Viraus.
Geschicht "Beim Wäschbuer"

Iwwersiichtskaart Garnech

zip | 1.08 MB
Herunterladen
Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen. Se kann awer och an anere Fächer genotzt ginn, z.B. am Sproochenunterricht.
Iwwersiichtskaart Garnech

Iwwersiichtskaart Helperknapp

zip | 2.55 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Helperknapp. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Iwwersiichtskaart Helperknapp

Iwwersiichtskaart Simmer

zip | 11.87 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der fréierer Gemeng Simmer. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de SchülerInnen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Iwwersiichtskaart Simmer

Rallye Käercher Schlass

zip | 82.12 MB
Herunterladen
Ee Rallye duerch d‘Gréiweschlass vu Käerch, bei där d‘Schüler a Gruppen spillen. Si mussen ënnerschiddlech Aufgaben am Schlass léisen fir de Schlëssel zu enger Truh ze fannen an d‘Rätsel ze léisen dat eng Aleedungsgeschicht hinne stellt.
Bei der Rallye mussen d‘Kanner verschidden Zorte vun Aufgabe léisen: Logikrätsel, Wuerträtsel, Feeler fannen, Orientéierungsrätsel, Puzzlen, a Villes méi.
D'Truh an de Schlësselbond déi fir d'Rallye gebraucht ginn, ka beim LEADER Büro op Ufro ausgeléint ginn.
Rallye Käercher Schlass