HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm um Internetsite vum Projet HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Ufroen fir Material auszeléinen kënne per Email oder Telefon gemat ginn.

Mir freeën eis iwwer all Ufroen a Réckmeldungen:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

3 clever Butzen

zip | 2.54 MB
Herunterladen
Ee Nomëtten mam Maria, Myriam a Marco zu Mamer...
Eng Virliesgeschicht iwwert d’Gemeng Mamer mat Illustratiounen. Kanner aus méi héije Cyclen, kënnen d’Geschicht selwer liesen.
Inhalt: Soen a Legenden, wichteg Plazen an historesch Perséinlechkeeten aus der Gemeng
3 clever Butzen

De frommen Tom - en echte Simmer Ritter

zip | 2.05 MB
Herunterladen
An dëser Kuerzgeschicht gëtt d‘Liewensgeschicht vum Ritter Thomas de Septfontaines, en historesche Personnage aus dem fréien 14. Jh deen op der Buerg Simmer gelieft huet, erzielt. Dës wouer Geschicht berout op dokumentéierten Erzielungen a kann als Astig an d‘Thema Mëttelalter am C4 geholl ginn.
De frommen Tom - en echte Simmer Ritter

Iwwersiichtskaart Mamer

zip | 16 MB
Herunterladen
Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng Mamer gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Iwwersiichtskaart Mamer

Iwwersiichtskaart Simmer

zip | 11.87 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der fréierer Gemeng Simmer. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de SchülerInnen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Iwwersiichtskaart Simmer

Mamer Zäitblietchen

zip | 16.07 MB
Herunterladen
Eng Zeitung mat Artikelen aus de verschiddenen Epochen vun der Geschicht erzielt d‘Geschicht vun der Gemeng Mamer. D‘Zeitung bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten oder Themen ze schwätzen. Vun dëser Zeitung ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen oder d'Zeitung an anere Fächer notzen (z.B. am Sproochenunterricht).
Mamer Zäitblietchen