HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm um Internetsite vum Projet HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Ufroen fir Material auszeléinen kënne per Email oder Telefon gemat ginn.

Mir freeën eis iwwer all Ufroen a Réckmeldungen:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

3 clever Butzen

zip | 2.54 MB
Herunterladen
Ee Nomëtten mam Maria, Myriam a Marco zu Mamer...
Eng Virliesgeschicht iwwert d’Gemeng Mamer mat Illustratiounen. Kanner aus méi héije Cyclen, kënnen d’Geschicht selwer liesen.
Inhalt: Soen a Legenden, wichteg Plazen an historesch Perséinlechkeeten aus der Gemeng
3 clever Butzen

Atelier D'Mëttelalter am Äischdall entdecken - Cycle 2

pdf | 615.76 KB
Herunterladen
Bei dëser Visitt guidée fir de Cycle 2 kréien d'SchülerInnen d'Buerg Huelmes an d'Mëttelalter am Äischdall aus der Siicht vu verschiddene Standpunkten erkläert, Natur, Waasser, Architektur am Mëttelalter a villes méi.
Kontakt a Programm am Fichier.
Atelier D'Mëttelalter am Äischdall entdecken - Cycle 2

D'Geheimnis vum Gréiweschlass

zip | 5 MB
Herunterladen
D'Aktivitéit ass recommandéiert fir d‘Cyclen 1 & 2 & 4.
D'Geschicht mëscht d'SchülerInnen mam Käercher Gréiweschlass, dem Liewen am Mëttelalter a verschiddenen historeschen Personnagen vertraut. Eng léif Geschicht mat Happyend ronderëm en trauregen Deel vun der Käercher Geschicht, d'Hexeverfollegung am 17. Jhd.
Eng einfach geschriwwe Geschicht fir virzeliese mat passenden Illustratiounen.
Kann am Cycle 4 als Aleedung an d'Thema Mëttelalter genotzt ginn.
D'Geheimnis vum Gréiweschlass

Iwwersiichtskaart Garnech

zip | 1.08 MB
Herunterladen
Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen. Se kann awer och an anere Fächer genotzt ginn, z.B. am Sproochenunterricht.
Iwwersiichtskaart Garnech