HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm um Internetsite vum Projet HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Ufroen fir Material auszeléinen kënne per Email oder Telefon gemat ginn.

Mir freeën eis iwwer all Ufroen a Réckmeldungen:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Atelier D'Mëttelalter am Äischdall entdecken - Cycle 4

pdf | 616.8 KB
Herunterladen
Bei dëser Visitt guidée fir de Cycle 4 kréien d'SchülerInnen d'Buerg Huelmes an d'Mëttelalter am Äischdall aus der Siicht vu verschiddene Standpunkten erkläert, Entdeckung vun der Buerg an hierer Bauweis, d'Liewen am Mëttelalter (z.B. mat passendem Mëttegiessen), Spuren aus der Vergaangenheet erkennen a villes méi.
Kontakt a Programm am Fichier.
Atelier D'Mëttelalter am Äischdall entdecken - Cycle 4

Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

zip | 5.96 MB
Herunterladen
Aktivitéit recommandéiert fir d‘Cyclen 1-4.
Geschichten iwwert d‘Legenden aus der Gemeng Helperknapp. D‘Geschichte sinn einfach opgebaut a kënnen als Virliesgeschicht benotzt ginn awer och ab dem Cycle 3 vun der SchülerInne selwer gelies ginn. D‘Illustratioune weise wat an de Geschichte geschitt.
Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

Iwwersiichtskaart Helperknapp

zip | 2.55 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Helperknapp. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Iwwersiichtskaart Helperknapp

Theaterstécker aus 3 Epochen

zip | 2.84 MB
Herunterladen
3 verschidden Theaterstécker fir jeeweils 5-6 Kanner aus dem Cycle 4.
Themen: Gallo-Réimer, Mëttelalter an 2. Weltkrich.
All Theaterstéck ass komplett mat Regieuweisungen a Kostümer, déi kënnen um LEADER Büro ausgeléint ginn.
Theaterstécker aus 3 Epochen

Topographesch Kaart Gemeng Helperknapp

zip | 10.59 MB
Herunterladen
Eng topographesch Kaart vun der Gemeng Helperknapp fir d‘Verwendung an de Course vun der Geografie am Cycle 4.
D‘Kaart bitt eng Grondlag fir mat de Schüler/inne verschidden Themen ze behandelen déi am C4 an der Geografie um Programm stinn.
Topographesch Kaart Gemeng Helperknapp