HistoSchool

HistoSchool

Wëllkomm op der Internetsäit vum Projet HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul.

Dës Säit riicht sech un d‘Léierpersonal vun de Grondschoulen. D'Theme sinn zesummen an Aarbechtsgruppen ausgeschafft ginn.

D’Dossiere mam Unterrechtsmaterial kënne gratis erofzeluede ginn.

Eng Selektioun pro Gemeng, Themegebitt a Cycle ass méiglech.

Fir all Fro oder Remark, wennt iech w.e.g. un eis:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

3 clever Butzen

zip | 2.53 Mo
Télécharger
D‘Geschicht iwwert d’Gemeng Mamer ass einfach opgebaut a kann als Virliesgeschicht benotzt ginn. D‘Illustratiounen weise wat an der Geschicht geschitt. Kanner aus méi héije Cyclen, kënnen d’Geschicht selwer liesen.
3 clever Butzen

D'Geheimnis vum Gréiweschlass

pdf | 5.03 Mo
Télécharger
D'Aktivitéit ass recommandéiert fir d‘Cyclen 1-2.
D'Geschicht mëcht d'Schüler mat historeschen Informatiounen a Legende rondrëm d'Käercher Gréiweschlass an d'Liewen am Mëttelalter vertraut.
Se ass einfach opgebaut a kann als Virliesgeschicht benotzt ginn. D‘Illustratiounen weise wat an der Geschicht geschitt.
D'Geheimnis vum Gréiweschlass

Handwerksberufe früher im Dorf_der Kohlenbrenner

zip | 18.22 Mo
Télécharger
Sammlung vun Inhalter iwwert de Beruff vum Kuelebrenner. D‘SchülerInne kënnen unhand vum Material an den Informatiounen déi si an hirem Geschichtsunterrecht léieren an an den Texter zur Aktivitéit fannen, e „Lapbook“ iwwert dëse Beruff, deen bis Ufank 1900 an eiser Regioun vill Léit beschäftegt huet, zesummestellen.
Handwerksberufe früher im Dorf_der Kohlenbrenner

Rallye Käercher Schlass

zip | 53.11 Mo
Télécharger
Ee Rallye duerch d‘Gréiweschlass vu Käerch, bei där d‘Schüler a Gruppen spillen. Si mussen ënnerschiddlech
Aufgaben am Schlass léisen fir de Schlëssel zu enger Truh ze fannen an d‘Rätsel ze léisen dat eng
Aleedungsgeschicht hinne stellt.
Bei der Rallye mussen d‘Kanner verschidden Zorte vun Aufgabe léisen: Logikrätsel, Wuerträtsel, Feeler
fannen, Orientéierungsrätsel, Puzzlen, a Villes méi.
Rallye Käercher Schlass

Römischer Entdeckungskoffer

zip | 2.71 Mo
Télécharger
Am réimeschen Entdeckungskoffer si verschidde Reproduktiounen aus der Réimerzäit presentéiert:
- Teller
- Dëppen
- Becher
- Gourde
- Krou
- Fibel (Broch)
- Wuesstafel mat engem Griffel
- Wierfel

Römischer Entdeckungskoffer