HistoSchool

HistoSchool

Wëllkomm op der Internetsäit vum Projet HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul.

Dës Säit riicht sech un d‘Léierpersonal vun de Grondschoulen. D'Theme sinn zesummen an Aarbechtsgruppen ausgeschafft ginn.

D’Dossiere mam Unterrechtsmaterial kënne gratis erofzeluede ginn.

Eng Selektioun pro Gemeng, Themegebitt a Cycle ass méiglech.

Fir all Fro oder Remark, wennt iech w.e.g. un eis:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

3 clever Butzen

zip | 2.53 Mo
Télécharger
D‘Geschicht iwwert d’Gemeng Mamer ass einfach opgebaut a kann als Virliesgeschicht benotzt ginn. D‘Illustratiounen weise wat an der Geschicht geschitt. Kanner aus méi héije Cyclen, kënnen d’Geschicht selwer liesen.
3 clever Butzen

D'Geheimnis vum Gréiweschlass

pdf | 5.03 Mo
Télécharger
D'Aktivitéit ass recommandéiert fir d‘Cyclen 1-2.
D'Geschicht mëcht d'Schüler mat historeschen Informatiounen a Legende rondrëm d'Käercher Gréiweschlass an d'Liewen am Mëttelalter vertraut.
Se ass einfach opgebaut a kann als Virliesgeschicht benotzt ginn. D‘Illustratiounen weise wat an der Geschicht geschitt.
D'Geheimnis vum Gréiweschlass

D'Liewe wéi fréier

zip | 12.29 Mo
Télécharger
Dës Aktivitéit ass recommandéiert fir de Cycle 1 an 4.
Geschicht iwwert d‘Liewen an engem ländlechen Duerf wéi Koler em 1350. Fir d‘Kanner aus
dem Cycle 1 ass d‘Geschicht méi einfach opgebaut wéi fir d‘Kanner aus dem Cycle 4.
Inhalter C1:
Wéi liewen d‘Léit am Duerf? Wéi liewen d‘Léit op der Buerg?
Inhalter C4:
Wéi liewen d‘Léit am Duerf? Tempelritter - Wat ass dat?
D'Liewe wéi fréier

Kaart Gemeng Garnech

zip | 27.24 Mo
Télécharger
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Garnech.
Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der
Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen
iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig
a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Siten déi een an der Gemeng fënnt an déi
d‘Schüler kennen.
Kaart Gemeng Garnech