HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm op um Internetsite vun HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Mir freeën eis iwwer all Réckmeldung, Froen, Iddien oder Virschléih:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

3 clever Butzen

zip | 2.53 Mo
Télécharger
Ee Nomëtten mam Maria, Myriam a Marco zu Mamer...
Eng Virliesgeschicht iwwert d’Gemeng Mamer mat Illustratioune.
Kanner aus méi héije Cyclen, kënnen d’Geschicht selwer liesen.
Inhalt: Soen a Legenden, wichteg Plazen an historesch Perséinlechkeeten aus der Gemeng
3 clever Butzen

Dinosaurier in Brouch

zip | 3.34 Mo
Télécharger
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler eppes iwwert d'Dinosaurier. Si gruewen en Ee aus, klappen et
op an entdecke bannendran en Dinosaurier(skelett) aus Plastik. Vun der Aktivitéit aus kënnen
si iwwert den Dinosaurierzant schwätzen, deen zu Bruch am Steebroch fonnt ginn ass.
Eng Geschicht féiert d‘Schüler un d‘Aktivitéit erun.
Dinosaurier in Brouch

Kaart Gemeng Garnech

zip | 27.04 Mo
Télécharger
All Cycle
Eng Kaart am naive Molstil wéist Gebäier, historesch Sitten a Legenden déi et an der
Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de SchülerInnen
iwwert hier Gemeng ze schwätzen oder fir en Astig a verschidden historesch Theme ze maachen.
Se kann awer och an anere Fächer genotzt ginn, z.B. am Sproochenunterricht.
Kaart Gemeng Garnech

Kaart Gemeng Helperknapp

zip | 21.34 Mo
Télécharger
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Helperknapp. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Kaart Gemeng Helperknapp

Kaart Gemeng Simmer

zip | 3.77 Mo
Télécharger
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der fréierer Gemeng
Simmer. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et
an der Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/
innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den
Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an
déi d‘Schüler kennen.
Kaart Gemeng Simmer