HistoSchool

HistoSchool

Wëllkomm op der Internetsäit vum Projet HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul.

Dës Säit riicht sech un d‘Léierpersonal vun de Grondschoulen. D'Theme sinn zesummen an Aarbechtsgruppen ausgeschafft ginn.

D’Dossiere mam Unterrechtsmaterial kënne gratis erofzeluede ginn.

Eng Selektioun pro Gemeng, Themegebitt a Cycle ass méiglech.

Fir all Fro oder Remark, wennt iech w.e.g. un eis:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Animationsfilm "Al Schmelz" Steinfort

Télécharger
pdf | 618.57 Ko
En Animatiounsfilm weist d‘Funktiounsweis vun der Aler Schmelz zu Stengefort mat Erklärungen zu den
Ofleef an der Schmelz an den eenzelne Gebaier.
Et ass e kuerzen Erklärvideo komplementar zum Unterricht.
Dozou kann d'Maquette vum Site "Al Schmelz Stengefort" an enger Gruppenaarbecht realiséiert ginn.

Animationsfilm "Al Schmelz" Steinfort

Garnecher Zäitblietchen

zip | 2.36 Mo
Télécharger
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Garnech.
Eng Zeitung mat verschiddenen Artikelen aus de verschiddenen Epochen vun der Geschicht
erzielt d‘Geschicht vun der Gemeng Garnech. D‘Zeitung bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert
eenzel historesch Sitten oder Themen ze schwätzen. Vun dëser Zeitung ausgoend kann een den
Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an
déi d‘Schüler kennen.

Garnecher Zäitblietchen

Kaart Gemeng Garnech

zip | 27.24 Mo
Télécharger
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Garnech.
Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der
Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen
iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig
a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Siten déi een an der Gemeng fënnt an déi
d‘Schüler kennen.
Kaart Gemeng Garnech

Modell Al Schmelz

zip | 9.42 Mo
Télécharger
D‘SchülerInne vum Cycle 4 kënne mat dësem Fichier selwer e Modell vun der Aler Schmelz zesummebastelen.
D‘Schmelz ass gewise wéi se em d‘Joer 1915 zu Stengefort tatsächlech stoung a funktionnéiert
huet. De Modell ass am Moossstaf vun ongeféier 1:20.
Et ass recommandéiert am Virfeld den Animatiounsfilm „Al Schmelz“ ze kucken.
Modell Al Schmelz

Visite guidée Al Schmelz

zip | 561.79 Ko
Télécharger
Bei dëser Visitt guidée kréien d'SchülerInnen d‘Funktiounsweis vun der ehemoleger Aler Schmelz zu Stengefort
erkläert.
Um Flyer ass de Plang ze gesinn, wéi de Site deemools ausgesinn huet an d'Funktioune vun den eenzele Gebaier sinn erkläert. Mat engem Quiz, engem Animatiounsfilm an der Kreatioun vun engem klenge Gadget gëtt d'Visitt ofgeschloss.
D'Aktivitéit kann direkt beim Guide gebucht ginn an d'Käschten déi ufale gi vun de Schoule finanzéiert.
Visite guidée Al Schmelz