HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm op um Internetsite vun HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Mir freeën eis iwwer all Réckmeldung, Froen, Iddien oder Virschléih:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Beim Wäschbuer

zip | 6.67 MB
Herunterladen
Geschicht iwwert d‘Liewe vum Tom (historesche Personnage aus Simmer aus dem Ufank vum
14. Joerhonnert). An dëser kuerzer Geschicht ass een Nomëtten am Tom sengem Liewen als
Bouf op der Simmer Buerg erausgegraff. Der Geschicht „De frommen Tom“ no, souz den Tom
als Bouf gäre beim Wäschbuer fir de Fraen aus dem Duerf bei hirer Aarbecht nozekucken an dem Gespréich
nozelauschteren.
Wéi gouf fréier gewäsch? Eng lëschteg Geschicht, déi d‘SchülerInne kënnen nostelle mat hire
Kostümer.
Beim Wäschbuer

D'Liewe wéi fréier

zip | 8.89 MB
Herunterladen
Dës Aktivitéit ass recommandéiert fir de Cycle 1 an 4.
Geschicht iwwert d‘Liewen an engem ländlechen Duerf wéi Koler em 1350. Fir d‘Kanner aus
dem Cycle 1 ass d‘Geschicht méi einfach opgebaut wéi fir d‘Kanner aus dem Cycle 4.
Inhalter C1:
Wéi liewen d‘Léit am Duerf? Wéi liewen d‘Léit op der Buerg?
Inhalter C4:
Wéi liewen d‘Léit am Duerf? Tempelritter - Wat ass dat?
D'Liewe wéi fréier

Kaart Gemeng Garnech

zip | 27.04 MB
Herunterladen
All Cycle
Eng Kaart am naive Molstil wéist Gebäier, historesch Sitten a Legenden déi et an der
Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de SchülerInnen
iwwert hier Gemeng ze schwätzen oder fir en Astig a verschidden historesch Theme ze maachen.
Se kann awer och an anere Fächer genotzt ginn, z.B. am Sproochenunterricht.
Kaart Gemeng Garnech

Kaart Gemeng Simmer

zip | 3.77 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der fréierer Gemeng
Simmer. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et
an der Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/
innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den
Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an
déi d‘Schüler kennen.
Kaart Gemeng Simmer

Römischer Entdeckungskoffer

zip | 3.49 MB
Herunterladen
Am réimeschen Entdeckungskoffer si verschidde Reproduktiounen aus der Réimerzäit presentéiert:
- Teller
- Dëppen
- Becher
- Gourde
- Krou
- Fibel (Broch)
- Wuesstafel mat engem Griffel
- Wierfel

Römischer Entdeckungskoffer

Theaterstück Fremde in Simmern

zip | 5.48 MB
Herunterladen
Geschicht iwwert dat soziaalt Liewen an engem klengen Duerf. Dat Ganzt ass als Theaterstéck
opgesat dat ee ka mat enger Klass vu bis zu 20 a méi SchülerInnen opféieren. D‘Haaptpersonnagë
sinn déi Figuren déi schonn aus der Geschicht „Beim Wäschbuer“ aus dem C1 bekannt
sinn. D‘Theaterstéck réit sech an an déi aner Aktivitéiten déi am Kader vum Projet HistoSchool
iwwert Simmer an d‘Buerg ausgeschafft goufen.
Theaterstück Fremde in Simmern