HistoSchool

HistoSchool

Wëllkomm op der Internetsäit vum Projet HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul.

Dës Säit riicht sech un d‘Léierpersonal vun de Grondschoulen. D'Theme sinn zesummen an Aarbechtsgruppen ausgeschafft ginn.

D’Dossiere mam Unterrechtsmaterial kënne gratis erofzeluede ginn.

Eng Selektioun pro Gemeng, Themegebitt a Cycle ass méiglech.

Fir all Fro oder Remark, wennt iech w.e.g. un eis:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Ausflug Steinbrüche

zip | 16.21 MB
Herunterladen
Eng Geschicht mat zwee Personnagen (d‘Gréitchen an de Péitchen) begleet d‘Klass iwwer verschidde Statiounen (Schoul, Villa Collart, Schmelz, Schlakentipp, Schinnen Atertlinn,...) bis bei déi ehemoleg Steekaulen ënnerhalb vum Schwaarzenhaff.
Ënnerwee si verschidden Aktivitéite mat der Klass virgesinn: Froe beäntwerten, ee Gruppespill, en Orientéierungsspill a Material sammele fir eng Bastelaktivitéit, Bastelen an Fotoe maachen.
Ausflug Steinbrüche

Handwerksberufe früher im Dorf_der Kohlenbrenner

zip | 18.22 MB
Herunterladen
Sammlung vun Inhalter iwwert de Beruff vum Kuelebrenner. D‘SchülerInne kënnen unhand vum Material an den Informatiounen déi si an hirem Geschichtsunterrecht léieren an an den Texter zur Aktivitéit fannen, e „Lapbook“ iwwert dëse Beruff, deen bis Ufank 1900 an eiser Regioun vill Léit beschäftegt huet, zesummestellen.
Handwerksberufe früher im Dorf_der Kohlenbrenner

Römischer Entdeckungskoffer

zip | 2.71 MB
Herunterladen
Am réimeschen Entdeckungskoffer si verschidde Reproduktiounen aus der Réimerzäit presentéiert:
- Teller
- Dëppen
- Becher
- Gourde
- Krou
- Fibel (Broch)
- Wuesstafel mat engem Griffel
- Wierfel

Römischer Entdeckungskoffer