HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm op um Internetsite vun HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Mir freeën eis iwwer all Réckmeldung, Froen, Iddien oder Virschléih:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Atelier Mëttelalter

| Bytes
Herunterladen
Aktivitéiet recommandéiert fir d'Cyclen 1-2 & 3-4
D'Zil vun der Aktivitéiet ass et datt d'SchülerInnen en Abléck kréien an d'Thema Mëttelalter anhand vu verschiddenen Atelieren.
D'Atelieren si beim Ubidder direkt ze buchen an d'Fraise sinn à Charge vun de Schoulen.
Atelier Mëttelalter

Atelier Mëttelalter

| Bytes
Herunterladen
Aktivitéiet recommandéiert fir d'Cyclen 1-2 & 3-4
D'Zil vun der Aktivitéiet ass et datt d'SchülerInnen en Abléck kréien an d'Thema Mëttelalter anhand vu verschiddenen Atelieren.
D'Atelieren si beim Ubidder direkt ze buchen an d'Fraise sinn à Charge vun de Schoulen.
Atelier Mëttelalter

Atelier Wäsche fréier an haut

zip | 5.66 MB
Herunterladen
Aktivitéit fir de Cycle 3
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Thema Wäschen anhand vun 2 Geschichten. A villen Dierfer
existéiert nach e Wäschbuer vu fréier.
D‘Zil vun der Aktivitéit ass en de SchülerInnen d‘Ënnerscheeder ze weisen tëschent dem Wäsche
fréier an haut. Durch de prakteschen Deel gëtt hinne vermëttelt, wat Wäsche fréier bedeit
huet am Verglach zu haut.
Atelier Wäsche fréier an haut

Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

zip | 5.48 MB
Herunterladen
Aktivitéit recommandéiert fir d‘Cyclen 1-4.
Geschicht iwwert d‘Legenden aus der Gemeng Helperknapp. D‘Geschichte sinn einfach opgebaut a kënnen als Virliesgeschicht benotzt ginn awer och ab dem Cycle 3 vun der SchülerInne selwer gelies ginn. D‘Illustratioune weise wat an de Geschichte geschitt.
Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

Kaart Gemeng Helperknapp

zip | 21.34 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Helperknapp. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Kaart Gemeng Helperknapp

Rallye Käercher Schlass

zip | 51.48 MB
Herunterladen
Ee Rallye duerch d‘Gréiweschlass vu Käerch, bei där d‘Schüler a Gruppen spillen. Si mussen ënnerschiddlech
Aufgaben am Schlass léisen fir de Schlëssel zu enger Truh ze fannen an d‘Rätsel ze léisen dat eng
Aleedungsgeschicht hinne stellt.
Bei der Rallye mussen d‘Kanner verschidden Zorte vun Aufgabe léisen: Logikrätsel, Wuerträtsel, Feeler
fannen, Orientéierungsrätsel, Puzzlen, a Villes méi.
Rallye Käercher Schlass