HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm op um Internetsite vun HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Mir freeën eis iwwer all Réckmeldung, Froen, Iddien oder Virschléih:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Handwerksberufe früher im Dorf_der Kohlenbrenner

zip | 18.22 MB
Herunterladen
Sammlung vun Inhalter iwwert de Beruff vum Kuelebrenner. D‘SchülerInne kënnen unhand vum Material an den Informatiounen déi si an hirem Geschichtsunterrecht léieren an an den Texter zur Aktivitéit fannen, e „Lapbook“ iwwert dëse Beruff, deen bis Ufank 1900 an eiser Regioun vill Léit beschäftegt huet, zesummestellen.
Handwerksberufe früher im Dorf_der Kohlenbrenner

Mamer Zäitblietchen

zip | 2.21 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen op eng witzeg Art a Weis eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Mamer. Eng
Zeitung mat verschiddenen Artikelen aus de verschiddenen Epochen vun der Geschicht erzielt
d‘Geschicht vun der Gemeng Mamer. D‘Zeitung bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel
historesch Siten oder Themen ze schwätzen. Vun dëser Zeitung ausgoend kann een den Astig
a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Siten déi een an der Gemeng fënnt an déi
d‘Schüler kennen.
Mamer Zäitblietchen