HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm op um Internetsite vun HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Mir freeën eis iwwer all Réckmeldung, Froen, Iddien oder Virschléih:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Atelier Mëttelalter

| Bytes
Herunterladen
Aktivitéiet recommandéiert fir d'Cyclen 1-2 & 3-4
D'Zil vun der Aktivitéiet ass et datt d'SchülerInnen en Abléck kréien an d'Thema Mëttelalter anhand vu verschiddenen Atelieren.
D'Atelieren si beim Ubidder direkt ze buchen an d'Fraise sinn à Charge vun de Schoulen.
Atelier Mëttelalter

Atelier Mëttelalter

| Bytes
Herunterladen
Aktivitéiet recommandéiert fir d'Cyclen 1-2 & 3-4
D'Zil vun der Aktivitéiet ass et datt d'SchülerInnen en Abléck kréien an d'Thema Mëttelalter anhand vu verschiddenen Atelieren.
D'Atelieren si beim Ubidder direkt ze buchen an d'Fraise sinn à Charge vun de Schoulen.
Atelier Mëttelalter

D'Geheimnis vum Gréiweschlass

zip | 4.53 MB
Herunterladen
D'Aktivitéit ass recommandéiert fir d‘Cyclen 1 & 2 & 4.
D'Geschicht mëscht d'Schüler mam Käercher Gréiweschlass an dem Liewen am Mëttelalter vertraut. D'Haaptroll spillen historesch Perséinlechkeeten. Eng léif Geschicht mat Happyend ronderëm en trauregen Deel vun der Käercher Geschicht, d'Hexeverfolgung am 17. Jhd.
Eng einfach geschriwwe Geschicht fir virzeliese mat passenden Illustratiounen.
Kann am Cycle 4 als Aleedung an d'Thema Mëttelalter genotzt ginn.
D'Geheimnis vum Gréiweschlass

Modell Mierscher Schlass

zip | 37.9 MB
Herunterladen
D‘SchülerInne vum Cycle 4 kënne mat dësem Fichier selwer e Modell vun Mierscher Schlass zesummebastelen.
Et gëtt eng Ausféierung féodal an eng contemporain. De Modellbau gouf unhand vu verschiddener Quellen zesummengestallt. De Modell ass am Moossstaf vun ongeféier 1:20.
An enger uschléissender Diskussioun kann een Austausch iwwert déi architektonesch Entwécklung, d'Geschicht an d'Schlasshäre stattfannen.
Modell Mierscher Schlass

Rallye Käercher Schlass

zip | 51.48 MB
Herunterladen
Ee Rallye duerch d‘Gréiweschlass vu Käerch, bei där d‘Schüler a Gruppen spillen. Si mussen ënnerschiddlech
Aufgaben am Schlass léisen fir de Schlëssel zu enger Truh ze fannen an d‘Rätsel ze léisen dat eng
Aleedungsgeschicht hinne stellt.
Bei der Rallye mussen d‘Kanner verschidden Zorte vun Aufgabe léisen: Logikrätsel, Wuerträtsel, Feeler
fannen, Orientéierungsrätsel, Puzzlen, a Villes méi.
Rallye Käercher Schlass