HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm op um Internetsite vun HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Mir freeën eis iwwer all Réckmeldung, Froen, Iddien oder Virschléih:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Das kleine Kräuterbuch

zip | 3.28 MB
Herunterladen
Dëst ass en Heft ronderëm d‘Simmerfarm an hir Produkter, verschidde Kraider an hier Verwendungsméiglechkeeten.
Am Heft fënnt een eng Réi Aktivitéiten déi mat de Kraider kënnen ëmgesat ginn.
D'Aktivitéit ass fir de Cycle 3 ausgeschafft ginn.
Das kleine Kräuterbuch

Kaart Gemeng Simmer

zip | 3.77 MB
Herunterladen
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der fréierer Gemeng
Simmer. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et
an der Gemeng gëtt unhand vu klénge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/
innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den
Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an
déi d‘Schüler kennen.
Kaart Gemeng Simmer

Lapbook Leben auf der Burg

zip | 66.82 MB
Herunterladen
Sammlung vun Inhalter iwwert d‘Buerg Simmer a seng Bewunner am 14. Joerhonnert. D‘SchülerInne vum Cycle 4
kennen unhand vum Material an den Informatiounen déi si an hirem Geschichtsunterrecht
léieren an an den Texter zur Aktivitéit fannen, e „Lapbook“ iwwert d‘Roll vum Ritter an der
Buergfra am Mëttelalter zesummestellen. Dëst mat konkretem Bezuch zur Uertschaft Simmer.
Lapbook Leben auf der Burg

Theaterstück Fremde in Simmern

zip | 5.48 MB
Herunterladen
Geschicht iwwert dat soziaalt Liewen an engem klengen Duerf. Dat Ganzt ass als Theaterstéck
opgesat dat ee ka mat enger Klass vu bis zu 20 a méi SchülerInnen opféieren. D‘Haaptpersonnagë
sinn déi Figuren déi schonn aus der Geschicht „Beim Wäschbuer“ aus dem C1 bekannt
sinn. D‘Theaterstéck réit sech an an déi aner Aktivitéiten déi am Kader vum Projet HistoSchool
iwwert Simmer an d‘Buerg ausgeschafft goufen.
Theaterstück Fremde in Simmern