Aktuelles

Stellenangebot14/02/2024

Mir stellen an !

Projet ALL TOGETHER - chorale inclusive17/01/2024

Opruff fir de Projet ALL TOGETHER - Chorale inclusive vun der Fondation EME

Regional Entwécklungsstrategie 2023-2029 LEADER Zentrum Westen 06/02/2023

Hei fannt d'Strategie zur lokaler Entwécklung fir de LEADER-Programmplanungszäitraum 2023-2029 fir d'Regioun Zentrum Westen, esou wéi se vum Landwirtschaftsministère approuvéiert gouf.

Horsepower Symposium27/01/2023

Hei fannt dir de Rapport vum Symposium op englesch, wou am Kader vum Projet préparation à la coopération "Innovation in agriculture" organiséiert gouf.

Aarbechtsgrupp Alternativ Wunnformen13/01/2023

Den 11.01.2023 war déi éischt Reunioun mam Aarbechtsgrupp Alternativ Wunnformen mat de Vertrieder vun der Ligue HMC - hébergement et accompagnement, dem Life asbl - Life asbl - WG-Projet, der Tiny House Community Luxembourg asbl an dem Service technique Gemeng Helperknapp - urbanisme et pacte logement

Réckbléck 202209/01/2023

Hei e klenge Réckbléck op d'Joer 2023 🌱
➡️ Biergerbedeelegungsprojeten an eise Partner-Gemengen
➡️ Preparatioune vun der neier LEADER-Period 2023-2029 (Opruff Projetsiddien, Workshops, Presentatioun vun der neier Entwécklungsstrategie)
➡️ Projeten (aktuell Fërderperiod)
➡️ Eventer

Rapport d'activités 2022 04/01/2023

Hei kënnt dir iech ukucke wat am Joer 2022 gelaf ass a wat geschafft gouf.

E schéint Neit Joer 2023!04/01/2023

Mir wënschen Iech All Guddes fir 2023!

Déi nei Broschür vun der Landakademie 1.23 ass do!03/01/2023

Déi nei Broschür 1/23 vun der Landakademie ass do!

Biergerbedeelegungsprojet "Entdeckungspad Käerch"   30/11/2022

Ech ginn Neiegkeete am Biergerbedeelegungsprojet an der Gemeng Käerch: den Aarbechtsgrupp hat sech den 22. November getraff an d'Unzuel vun den Entdeckungspied gouf festgehalen.
D'Mise en Valeur iwwerhëlt d'Agence Art & Wise.

Projet Innovation in agriculture  - Symposium29/11/2022

Am Kader vum transnationale LEADER-Projet “Innovation in agriculture”, huet de 5. a 6. November en Online-Symposium stattfonnt mat aktuelle Fuerschungsberichter aus aller Welt, Hannergrondwëssen a Best-Practice-Beispiller vun europäesche Klengbaueren. 

Ausfluch mam Executivcomité  Beer tasting & local food 25/07/2022

Den 8. Juli huet de LEADER Büro zesumme mam Exekutivcomité e klengen Ausfluch op Klengbetten an de Restaurant de Bräiläffel gemaach fir d'Offer am Kader vu SlowTrips ze testen: 
https://www.slowtrips.eu/see-do/all-experiences/guttland/beer-tasting-local-food/

Materialiwwergab vum Projet HistoSchool Helperknapp25/07/2022

Regionale LEADER Projet HistoSchool – lokal Geschicht an der Schoul 📚✏️
Materialiwwergab um neie Schoulcampus Brouch an der Gemeng Helperknapp.

Presentatioun vun der Entwécklungsstrategie 2023-2029 11/07/2022

De 5. Juli 2022 huet d'Presentatioun vun der Entwécklungsstrategie am Mierscher Kulturhaus stattfonnt.

Materialiwwergab vum Projet HistoSchool Simmer (Habscht)22/06/2022

Am Kader vum regionale LEADER-Projet „HistoSchool“ war Enn Juni d‘Materialiwwergab an der Schoul zu Simmer a Presenz vum Buergermeeschter Serge Hoffmann an de Schäffe Carlo Moes, Chantal Boulanger-Hoffmann an Astrid Mosel-Kneip, dem Léierpersonal an de Schüler a Schülerinnen.

Biergerbedeelegung Helperknapp: Workshop "Eisen Duerfkär zu Bëschdref"09/06/2022

Am Kader vum der Biergerbedeelegung zum Projet "Eisen Duerfkär zu Bëschdref" wou et ëm d'Revalorisatioun vum Park Bëschdref geet, hunn den 9. an de 15. Juni zu Bëschdref Workshoppe stattfonnt, zu deenen d'Awunner vun der Gemeng Helperknapp invitéiert waren. D'Proposen déi wärend dem Sondage zesummekoume goufen ausgeschafft.
 
© brain & more

Unser Ortskern in Buschdorf 11/05/2022

Die Gemeinde Helperknapp und der LEADER Lëtzebuerg West starten einen Bürgerbeteiligungsprozess, um gemeinsam mit den Einwohnerinnen und Einwohnern ein neues Projekt zu definieren. Die Idee ist, die Ortsmitte („Duerfkär“) von Buschdorf mit einem Park im Zentrum des Dorfes zu entwickeln.

Biergerbedeelegung Gemeng Helperknapp: "Eisen Duerfkär zu Bëschdref"25/04/2022

De Gemengerot a LEADER Lëtzebuerg West lueden all Awunner aus der Gemeng Helperknapp an, fir de 27. Abrëll um 19:00 Auer an d'Gebai „a Kanesch“ op Bëschdref ze kommen fir d'Informatiounsversammlung vum Projet "Zesummen e flotten Duerfkär schafen".
Umellung op commune@helperknapp.lu oder via www.helperknapp.lu/participation.

Nei Broschür vun der Landakademie 2/202206/04/2022

Déi nei Broschür Abrëll-September 2022 vun der Landakademie ass do!

Biergerbedeelegung Gemeng Miersch: Kommunikatioun 05/04/2022

No der Verëffentlechung vun de Resultater vum Sondage, geet et elo an déi 2. Ronn:
Fir beim Ausschaffe vu Léisungen ze hëllefen, freet d’Gemeng Miersch all Bierger, fir sech an ee vun 3 Atelieren anzeschreiwen: samschden, den 23. Abrëll, méindes, de 25.Abrëll oder freides, de 6. Mee 2022.
https://www.mersch.lu/media/62472fb55429d_resultateremfro_web_lu.pdf
http://signin.lu/mersch-workshop/

Biergerbedeelegung Gemeng Habscht: Jugend 05/04/2022

An der Gemeng Habscht huet sech bei de Jonken de Wonsch erausgeschielt vun engem Food Truck Event.
D’Iddi gouf dann och ëmgesat.

Kurze Qualitätswege in der Region Guttland 29/03/2022

Am Kader vum interregionale Projet "Kurze Qualitätswege in der Region Guttland" gëtt et Neiegkeeten:
de Guttland.Trail Fuussepad zu Steesel ass komplett signaliséiert.

https://guttlandtrails.lu/#fuussepad
Fotoen: © ORTCO

30 Joer LEADER29/03/2022

Video iwwert den transnationale Projet SlowTrips.

Am Kader vun 30 Joer LEADER huet de Landwirtschaftsministère Kuerzfilmer an Optrag gi fir eng Rei Projete virzestellen.

30 Joer LEADER 25/03/2022

Video iwwert de regionale Projet HistoSchool

Am Kader vun 30 Joer LEADER huet e Landwirtschaftsministère eng Rei Kuerzfilmer an Optrag gi mam Zil aus all LEADER Regioun e Projet ervirzehiewen.

Virbereedung vun der LEADER Lëtzebuerg West Strategie 2023-2029 24/03/2022

Thematesch Atelieren - Ausschaffe vu Projetsiddie fir d‘Regioun

Réckbléck 202113/01/2022

Hei e klenge Réckbléck op eis Aktivitéiten, Eventer a Projetsëmsetzungen 2021.

Schéi Feierdeeg 17/12/2021

D'Membere vum Comité an d'Mataarbechterinne vu LEADER Lëtzebuerg West wënschen Iech schéi Feierdeeg.
Eise Büro ass vum 20. -31. Dezember inclus net besat.
Gären äntwere mir op Är Messagen no eisem Congé.

News am transnationale Projet SlowTrips 18/11/2021

Vum 19. - 22. Oktober huet eng Studierees an Italien stattfonnt.
Verschidde SlowTrips Experiences si getest ginn:
Abbazia di Montescaglioso
Slow Product Wonder Grottole - Olive oil production
Essenza Lucano – Museum
Educational farm and cooking with grandmas

Jugendparticipatioun Stengefort - Jugend4room 18/11/2021

Am Kader vum LEADER Biergerbedeelegungsprojet huet den 23. Oktober 2021 an der Aler Schmelz den Event Jugend4room stattfonnt.
Um Programm stoung folgendes:
gemeinsamt Mëttegiessen
Jugend4room
Open Space Diskussioun iwwer Themen aus der Ëmfro
Virstellung vun de Resultater an der Iddi vun engem Jugendcafé zu Stengefort

Offiziell Aweiung vum regionale LEADER Projet HistoSchool17/11/2021

A Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Bildung, Kanner a Jugend war de 14. Oktober déi offiziell Aweiung vum Projet am Centre culturel Al Schmelz zu Stengefort.
No der Usprooch vum Buergermeeschter Guy Pettinger an der LEADER Lëtzebuerg West Presidentin Christiane Eicher-Karier, huet de Claude Mangen, Vize-President vu LEADER Lëtzebuerg West d'Invitéeën duerch d'Ausstellung guidéiert.

Regionale LEADER Dag 2021 an der Gemeng Käerch 18/10/2021

De 24.9 huet zu Käerch de regionale LEADER Dag stattfonnt.

D'Gemeng Käerch hat e flotte Programm zesummegestallt fir de Partner aus der Regioun e puer Highlights aus der Gemeng ze weisen:

- neit Gemengenhaus
- Ecoparc um Wandhaff
- Gréiweschlass

Den Dag ass mat engem regionalen Iessen ofgeschloss ginn!

Studierees an d'Belsch vum 28. - 29. September 01/10/2021

Am Kader vum transnationale Projet "D'une villa à l'autre au pays des Trévires" mat eise belsche Noperen, si verschidde Sitte besicht gi mam Zil fir sech un hire virtuelle Visitten déi do ugebuede ginn ze inspiréieren:
Espace gallo-romain d'Ath
Mons Memorial Museum
Silex's

Offiziell Aweiung vum regionale LEADER Projet HistoSchool30/09/2021

De LEADER Lëtzebuerg West invitéiert op d'Aweiung vum Projet HistoSchool
Donneschdes, de 14. Oktober 2021
um 17:00 Auer an der Aler Schmelz zu Stengefort.
D'Ausstellung ass op fir de Public vu 14:00 bis 18:00 Auer
Covid-Check Event (Schnelltester sur place)
Programm:
Virwuert, M. Guy Pettinger - Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort
Usprooch, Mme Christiane Eicher-Karier - Presidentin LEADER Lëtzebuerg West
Moderéiert Visitt vun der Ausstellung, - M. Claude Mangen - Vize-President LEADER Lëtzebuerg West
Usprooch, M. Claude Meisch - Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Usprooch, M. Romain Schneider - Ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural
Eirewäin

Studierees a Litauen18/09/2021

Vum 13. - 16. September huet eng Studierees a Litauen stattfonnt.
Verschidde SlowTrips Experiences si getest ginn:
Salt Art Studio - Improvisatioun mat Salz (Salzkeramikworkshop)
Magic of Metal - Visitt vun enger Schmëdd mat Informatiounen iwwert d'Metallgewënnung
Visitt vun enger Sanddorn-Farm
Gear to the past - eng Zäitrees op engem 200 Joer alen Haff mat Gebaier a Gefierer aus der Sowjet-Ära

Film: 30 Joer LEADER zu Lëtzebuerg 21/06/2021

Innovativ Regionalentwécklung mat a fir eis Bierger - kuckt iech dëse flotte Film un, deen am Kader vun 30 Joer LEADER zu Lëtzebuerg realiséiert gouf. Esou kritt dir en Abléck, wéi eng flott Projeten an deene 5 LEADER Regiounen ëmgesat gi sinn.

Biergerbedeelegungsprojet jugend4room an der Gemeng Habscht26/01/2021

Den 22. Januar 2021 war Jugend4room online iwwer Facebook aus dem Jugendhaus Äischen
mat der Jugendkommissioun Gemeng Habscht.
Déi Jonk konnte sech mat folgende Froe beschäftegen:
1. Wat ass mir wichteg an eiser Gemeng?
2. Wat wëlle mir änneren?
3. Wéi wëlle mir dat maachen?
4. Wat brauche mir dofir?

1. Infoversammlung vun der regionaler Energie Cooperative LEADER Lëtzebuerg West 21/11/2019

Den 19. November huet déi éischt Infoversammlung vun der Cooperative LEADER Lëtzebuerg West zu Tënten stattfonnt. D'Christiane Eicher-Karier, Presidentin vu LEADER Lëtzebuerg West huet d'Bierger begréisst an huet d'LEADER Initiative virgestallt. Den Ed Buchette, President vum Conseil d'administration vun der Cooperative huet erklaërt wéi de Projet zu staane koum, huet d'Membere vum Conseil virgestallt an och d'Ziler an d'Fonctionnement vun der Cooperative. Déi technesch Détailer zu den Anlagen huet de Paul Kauten vum Energiepark Réiden ginn. Am Uschloss haten d'Participanten d'Méiglechkeet fir Froen ze stellen an d'Gemeng Helperknapp huet d'Leit op e Patt invitéiert.
Déi interesséiert Leit wou gëschter net konnten deelhuelen, fannen d'Presentatioun souwéi de verbindleche Bulletin de souscription de part(s) ënnert www.ecoop-west.lu

De Ländleche Raum a seng Entwécklung : E puer Andréck vu lëtzebuerger Perséinlechkeeten 05/11/2019

Am Kader vun 30 Joer Entwécklung vum ländleche Raum ass e kuerze Film produzéiert ginn bei deem lëtzebuerger Perséinlechkeeten dervun erzielen wat si mat dësem Begrëff verbannen.

Projet SlowTrips - Rees an Umbrien 04/11/2019

Vum 21. bis de 24. Oktober hu mir eng Rees an Umbrien, Italien ënnerholl, wou d'Partner aus de 9 Länner sech ausgetosch hunn, a flott Slowtrips-Iddie gewise kruten.

Regional Energie Cooperative LEADER Lëtzebuerg West04/11/2019

Sidd dir interesséiert fir an d'Projeten vun der regionaler Energie Kooperativ ze investéieren?
Da kommt op déi 1. Versammlung fir d'Bierger vun de Partnergemengen Miersch, Helperknapp, Mamer, Stengefort, Käerch, Garnech an Habscht.
Rendez-vous ass den 19. November um 20:00 Auer am Koschteschbau zu Tënten - 2, rue de Hollenfels.

Vernissage Expositioun "Balafré" am Mierscher Kulturhaus 09/09/2019

D'Buch "Balafré und das Wolfsrudel im Merscher Wald" ass am Kader vum LEADER Projet HistoSchool entstanen. De Projet huet d'Zil Unterrechtsmaterial an Aktivitéite fir d'Grondschoulen an der Regioun ronderëm d'Geschicht vun den Uertschaften a Gemengen auszeschaffen an dat an direkter Zesummenaarbecht mat de Schoulen.
Déi historesch So iwwer Wëllef aus dem Mierscher Bësch, baséiert sech op eng Erzielung vum Roger Hilbert, d'Illustratioune si vu Schüler vum Lycée classique de Diekirch – Bâtiment de Mersch.

De Vernissage vun der Ausstellung ass op Invitatioun dënschdes, de 24. September um 18:30 Auer am Mierscher Kulturhaus.


D'Expo ass vum 23. September bis de 27. Oktober 2019 op fir de Public.

Touristesch Broschür "Salve Viator" - Voyagez sur les pas des Romains08/07/2019

Am Kader vum transnationale Kooperatiounsprojet « D’une villa romaine à l’autre au pays des Trévires » ass ufanks Juli déi touristesch Broschür "Salve Viator" - Voyagez sur les pas des Romains an däitscher, franséischer, englescher an hollänescher Sprooch erauskomm.
Demnächst op eise Prospektstänner an der Regioun ze fannen oder ze bestelle beim LEADER-Büro Lëtzebuerg West
via email: lw@leader.lu oder um Telefon: 26 61 06 80

Ubrénge vu Stickeren op de Vëlosschëlter04/07/2019

Am Kader vum LEADER Projet "Mam Vëlo am Westen 2" sinn de 26. Juni Stickeren ubruecht ginn op déi bestoend Schëlter wou de Cyclist informéieren iwwert d'Pente an de Belag vun der Piste an awer och iwwert den Trafic.

CultTrips Formatioun "Train the trainer"03/07/2019

Vum 17. bis den 18. Juni huet d'Formatioun "Train the trainer" a Rumänien stattfonnt. Deelgeholl hunn d'Julia Schrell an de Max Zacharias.
Déi nächst Formatioun "Train the trainer" fënnt vum 17.- 20. November zu Lëtzebuerg statt.

Infoversammlung regional Energie-Kooperativ am Kader vum Projet Klimbera 24/06/2019

Am Kader vum Projet KlimBera huet den 12. Juni zu Miesdref bei Miersch eng Informatiounsversammlung fir d'Partnergemenge stattfonnt. Et ass drëms gaangen,
eng regional Energie-Kooperativ op d'Been ze stellen.
De Paul Kauten vum Energiepark Réiden an de Luc Friedrich vum Service écologique Gemeng Miersch stoungen de Participante Ried an Äntwert.

Schülervisitt am Kader vum transnationale Projet "d'une villa romaine à l'autre au pays des Trévires" 23/06/2019

Am Kader vum transnationale LEADER Projet "d'une villa romaine à l'autre au pays des Trévires" haten d'Georges Kayser Altertumsfuerscher vun Nouspelt de 14. Mee eng Schoulklass op Besuch vun Habay aus der Belsch. Zesumme waren si sech déi gallo-réimesch Villa Miercher zu Giewel ukucken. Den Intressi säitens de Schüler war grouss.

Opléisung a Gewënner vum Quiz am Regionalmagasinn n°2020/06/2019

Hei déi glécklech Gewënner vum Quiz an der leschter Ausgab vum Regionalmagazinn n°20 mam Thema Waasser:
Mme Anny Fischbach
1te Präis: Corbeille aus dem Bieschbecher Atelier
Mme Manon Falzani zu Stengefort
2te Präis: 2 Dagesentréeën fir Sauna/Wellness an der Piscine Krounebierg
Mme Frieda Vanderbeeken vu Bartreng
3te Präis: 2 Dagesentréeën fir d‘ Piscine Krounebierg
D'Léisung vum Quiz:
Wéi heeschen déi 4 Flëss an eiser Regioun?
D’Äntwert war natierlech: Attert, Uelzecht, Äisch a Mamer

Biergerbedeelegungsprojet Käercher Entdeckungspad - 4. Entrevue 17/06/2019

De 14. Mee huet e weidere Workshop stattfonnt. D'Lynn Bintener vum ORT Zentrum/Westen huet d'Kritäre vun de "Kurze Qualitätswanderwege" erkläert. Duerno sin D'Erkenntnisser vum leschten Treffe rekapituléiert ginn an et huet een sech nach eemol op den Terrain gemach. Et ass zeréckbehale ginn, dass d'Eegentumsverhältnisser musse gekläert ginn. Eiert e weidert Treffe stattfënnt, organiséiert de LEADER-Büro zesumme mam Moderateur e Rendez-vous mat de Gemengeverantwortlechen.

Voyage d’études du 17 mai 2019 à Dehlingen en Alsace Bossue20/05/2019

Un 2e voyage d’études dans le cadre du projet transfrontalier a eu pour destination le CIP La Villa (Centre d’Interprétation du Patrimoine archéologique) à Dehlingen ainsi que la villa gallo-romaine du Gurtelbach. Guidé par le président de la SRAAB (Société de recherche archéologique d’Alsace Bossue), le groupe a pu admirer un site archéologique comparable à celui de Goeblange: fouilles exécutées par une association en coordination avec les ministères respectifs et une villa découverte et sondée par un curé comme pour le site de Goeblange. La visite du CIP a permis de découvrir un autre concept de mise en valeur du patrimoine archéologique et de voir quels moyens peuvent être mis à disposition dans le cadre du développement rural. Des échanges avec Mme Thomann, directrice de la Vie culturelle & Familiale de l’Alsace Bossue, et M. Paquin, directeur Général des Services de la Communauté de communes, ont permis de créer des contacts prometteurs pour de futures coopérations sur les sites de Dehlingen, Mageroy et de Goeblange.

Neit Regionalmagasinn n°20 Fréijoer/Summer12/04/2019

Viru kuerzem ass déi nei Editioun vum Regionalmagasinn LEADER Lëtzebuerg West erauskomm.
De Schwéierpunkt vun dëser Ausgab läit um Thema Waasser.
Speziell fir déi 20. Editioun vum Regionalmagasinn gëtt et och e klenge Quiz!
....

Pressekonferenz Projet "Fro de Bauer" 08/04/2019

"Fro de Bauer" ass en interterritoriale Kooperatiounsprojet tëscht de LEADER-Regiounen Éislek, Mëllerdall a Lëtzebuerg West mam Zil De Schoulkanner déi modern Landwirtschaft ze erklären an méi no ze bréngen
...

Biergerbedeelegungsprojet Käercher Entdeckungspad - 2. Entrevue04/04/2019

Den 2. Abrëll huet déi 2. Veranstaltung stattfonnt am Kader vum Biergerbedeelegungsprojet: Entdeckungspad Käerch.
Dës Kéier goung et ëm d'Prioriséierung vun den Highlights, fir däitlech ze maache, wéi eng Statiounen aus Siicht vun de Bierger a Biergerinnen Deel vum Entdeckungspad soll ginn. Uschléissend gëtt een eischten Entworf ausgeschafft.
Déi 3. Ronn fënnt den 29. Abrëll um 18:00 zu Käerch um Parking vun der Gemeng statt, wou et heescht e potenzielle Wee ofzegoen.

3. Editioun vun der Vëloskaart 02/04/2019

Pünktlech fir déi nei Vëlossaison: déi 3. Editioun vun der Vëloskaart
L'Ouest du Luxembourg à vélo
Luxemburgs Westen per Rad entdecken
Discovering Luxembourg's West by bike
An Zesummenaarbecht mam:
Office Régional du Tourisme Centre/Ouest
Réidener Kanton
Gemeng Mäerzeg

Biergerbedeelegungsprojet Käercher Entdeckungspad01/04/2019

Et geet an déi zweet Ronn! Nei Participanten aus der Gemeng Käerch si wëllkomm. Et muss een net um éischte Biergerbedeelegungstreffen deel geholl hunn an eng Umeldung ass och net noutwendeg.
Wien also Loscht huet seng Gemeng aktiv matzegestalte ka sech ganz spontan uschléissen.

Biergerbedeelegungsprojet Käercher Entdeckungspad04/03/2019

Den 11. Mäerz huet déi 1. Informatiounsveranstaltung stattfonnt am Kader vum Biergerbedeelegungsprojet: Entdeckungspad Käerch.
25 Awunner waren präsent an hu fläisseg matgeschafft.
Déi 2. Ronn fënnt den 2. Abrëll um 19:30 zu Käerch am Festsall statt.

Kick-off Meeting vum Projet CultTrips30/01/2019

Am Kader vun eisem transnationale Projet mat 5 aneren europäesche Länner (Rumänien, Schweden, Italien, Däitschland, Eisträich), wou eis touristesch Offeren dem Prinzip Slowtravel ugepasst ginn, hunn sech vum 13. bis de 16. Januar all d'Partner déi éischte Kéier zu Hartberg an Eisträich getraff fir sech auszetauschen an d'zukünfteg Virgoensweis ze klären
...

Nei Broschür vun der Landakademie 30/01/2019

Déi nei Broschür n°1/2019 Januar bis Abrëll vun der Landakademie ass do.

Regionale LEADER-Dag 2018 zu Miersch24/09/2018

Och dëst Joer huet de regionale LEADER-Dag nees an der Regioun LEADER Lëtzebuerg West stattfonnt. Ganz nom Motto „Zesummen an eiser Regioun“ setzt de LEADER-Büro mat dëser Veranstaltung op Austausch an Zesummenhalt tëschent hire Partner
....

Stand mat der Landakademie um Eenelter Maart 201820/09/2018

D'Landakademie huet zesumme mat LEADER Lëtzebuerg West an A Musée den 16. September um Eenelter Maart zu Recken bei Miersch deelgeholl. De ganzen Dag goufen ënnerschiddlechen Workshoppen am Landakademie-Zelt ugebueden.

International LEADER-Exkursioun zu Vorarlberg an Eisträich 20/09/2018

Vum 11.-13. September 2018 haten d'Vernetzungsstellen aus Lëtzebuerg, Däitschland an Éisträich op Vorarlberg op eng international LEADER-Excursioun agelueden. Am Kader vun der Excursioun goufe verschidde LEADER-Projeten aus der Gaaschtregioun virgestallt. 50 Participanten aus dräi Länner waren dobäi, dorënner och déi fënnef LEADER Regiounen aus Lëtzebuerg souwéi de Landwirtschaftsministère.

Offiziellen Optakt zu Duelem vum LEADER Projet "ARmob - Antike Realität mobil erleben" 20/09/2018

Optakt vum transnationale LEADER-Projet “ARmob – Antike Realität mobil erleben“ den 3. September beim réimesche Vicus zu Duelem
...

Nationale LEADER-Dag 2018 zu Buerschent 16/07/2018

LEADER-Dag 2018, de 14. Juli 2018
....

Kuerzfilm iwwert d'LEADER Aktiounsgruppen zu Lëtzebuerg05/04/2018

Kuckt Iech de Kuerzfilm vun de LEADER Aktiounsgruppen hei zu Lëtzebuerg un.

Studieress "Kurze Qualitätswege” - Edersee & Sauerthal 04/04/2018

Am Kader vum Projet WestTrails, waren de LEADER Lëtzebuerg West & de LEADER Atert-Wark zesumme mam ORT Zentrum/Westen sech de Projet "Kurze Qualitätswege" Edersee & Sauerthal vum 13. bis de 14. Mäerz 2018 ukucken.

Was ist LEADER?

LEADER ist eine Initiative der europäischen Union und steht für „Liaison Entre Actions de Développement de l’Economie Rurale“. Gemäß dieser Definition soll LEADER Verbindungen zwischen Projekten und Akteuren der Wirtschaft im ländlichen Raum herstellen. Ziel von LEADER ist es, Menschen in ländlichen Regionen zu mobilisieren und ihnen dabei zu helfen, ihre eigenen Ideen zu verwirklichen und neue Wege zu erproben. LEADER soll vor allem dazu beitragen, die regionale Entwicklung in ländlichen Gebieten zu fördern. Die Beteiligung der lokalen Bevölkerung gemäß dem Bottom-up-Ansatz, die Mobilisierung lokaler Ressourcen, das Erproben von neuen Wegen sowie der Vernetzungsgedanke sind wesentliche Merkmale von LEADER.

Begünstige von LEADER sind sogenannte Lokale Aktionsgruppen (LAG). In diesen Gruppen arbeiten öffentliche Partner (Gemeinden und Institutionen) und private Partner aus den verschiedenen sozioökonomischen Sektoren zusammen. Die LAGs sind, dem Bottom-up-Ansatz folgend, für die Ausarbeitung und die Umsetzung der Strategien für lokale Entwicklung verantwortlich.

Projektdatenbank

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

LAG Lëtzebuerg West
/projekte/histoschool-lokal-geschicht-der-schoul

WestTrails

LAG Lëtzebuerg West
/index.php/projekte/westtrails

RIKO I - Regional Informatioun a Kommunikatioun

LAG Lëtzebuerg West
/projekte/riko-i-regional-informatioun-kommunikatioun

Geschichte vum Duerf I

Kultrun asbl
/projekte/geschichte-vum-duerf-i

KlimBera

LAG Lëtzebuerg West
/index.php/projekte/klimbera

Mysteriespill: Den Doud a sengen Äerm

Festcomité 700 Joër Mäerteskierch Simmer asbl
/projekte/mysteriespill-den-doud-sengen-aeerm

Vorbereitungen zu CultTrips 2

LAG Lëtzebuerg West
/projekte/vorbereitungen-zu-culttrips-2

LINC 2017

LAG Eisléck
/projekte/linc-2017

D'une villa (romaine) à l'autre au pays des Trévires

D’Georges Kayser Altertumsfuerscher asbl
/projekte/dune-villa-romaine-lautre-au-pays-des-trevires

ARmob / ARGO

LAG Lëtzebuerg West
/projekte/armob-argo