Aktuelles

  • Dat neit Regionalmagasinn n°23 Hierscht/Wanter ass do!29/10/2020

    Déi aktuell Ausgab dréint sech ronderëm d'Thema Bësch

  • Projetsiddi "Woll"26/10/2020

    Opruff:
    Wat maachen ech mat der Woll vu menge Schof?
    Dat ass d'Fro, déi d'Schofsziichter oft stellen.
    Déi 2. Fro kënnt vun den Handwierksleit an de Konschtschafenden: wou fannen ech regional Woll?
    Wann dir interesséiert sidd méi iwwert d'Projetsiddi gewuer ze ginn da mellt iech beim Maggy Backes:
    tel: 621 294 162 oder backesm@gmail.com

  • Projet ARNU - Archives régionales numérisées26/10/2020

    Loosst Är historesch a kulturell Dokumenter déi vu lokalem a regionalem Intressi si gratis digitaliséieren a schützen!
    Kontaktéieret de LEADER Lëtzebuerg West oder
    Autisme Luxembourg asbl
    Atelier de digitalisation "Back-Office"

  • Europäeschen Duerferneierungspräis 2020 05/10/2020

    "Lokale Antworten auf globale Herausforderungen", dat ass de Motto 2020 vum Europäeschen Duerferneierungspräis.
    Dëst Joer ass d'Gemeng Garnech nominéiert gi vum Landwirtschaftsministère an huet zesumme mat der LEADER Regioun Lëtzebuerg West seng Kandidatur gestallt.
    Den 30. September war eng Visitt vum EDEP Jury.
    Ugefaange gouf mat enger Presentatioun am Kinoler 🎥 zu Koler, duerno ass et ënnert anerem weidergaange mat enger Visitt vum Projet Make Koler Kooler, engem Passage bei der SES an am Wandpark, d’Presentatioun vun de lokale Veräiner an zum Ofschloss goung et an déi Al Schmelz op Stengefort.
    De Georges Fohl, Buergermeeschter vun der Gemeng Garnich, den Arno Frising, Vertrieder vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an d'Christiane Eicher-Karier, Presidentin vu LEADER Lëtzebuerg West hunn Explikatioune ginn iwwert d'Nominatioun vun der Gemeng Garnech, Biergerbedeelegung, Projeten an déi regional Entwécklung.
    D'Resultater vum Concours gi sech am Fréijoer erwaart.

  • Déi nei Broschür vun der Landakademie ass do!02/09/2020

    Aschreiwunge via de Site landakademie.lu

  • Accordéierte Projet11/08/2020

    Foto: Marc Lazzarini - Standart

    De Projet Entdeckt de Westen ass vum Ministère accordéiert ginn.

    Zil vum Projet ass et, Aktivitéiten auszeschaffen fir de kulturelle Patrimoine vun der Regioun Famille mat Kanner tëschent 5-10 Joer méi no ze brengen.