HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm um Internetsite vum Projet HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Ufroen fir Material auszeléinen kënne per Email oder Telefon gemat ginn.

Mir freeën eis iwwer all Ufroen a Réckmeldungen:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

1. und 2. Weltkrich - Miersch fréier an haut

zip | 20.64 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir de Cycle 4.
Zwee Spiller fir d'Verwennung am Unterrecht bei deenen d'Kanner Miersch wéi et virun 100 Joer war kenneléieren a de Verglach mat haut zéie kënnen.
1. und 2. Weltkrich - Miersch fréier an haut

Animatiounsfilm "Al Schmelz" Steinfort

Télécharger
zip | 1.16 Mo
En Animatiounsfilm weist d‘Funktiounsweis vun der Aler Schmelz zu Stengefort mat Erklärungen zu den Ofleef an der Schmelz an den eenzelne Gebaier.
Et ass e kuerzen Erklärvideo komplementar zum Unterricht. Dozou kann d'Maquette vum Site "Al Schmelz Stengefort" an enger Gruppenaarbecht realiséiert ginn.

Animatiounsfilm "Al Schmelz" Steinfort

Ausfluch an d'Steekolle vu Stengefort

zip | 9.52 Mo
Télécharger
Eng Geschicht mat zwee Personnagen (d‘Gréitchen an de Péitchen) begleet d‘Klass iwwer verschidde Statiounen (Schoul, Villa Collart, Schmelz, Schlakentipp, Schinnen Atertlinn,...) bis bei déi ehemoleg Steekaulen ënnerhalb vum Schwaarzenhaff. Ënnerwee si verschidden Aktivitéite mat der Klass virgesinn: Froe beäntwerten, ee Gruppespill, en Orientéierungsspill a Material sammele fir eng Bastelaktivitéit, Bastelen an Fotoe maachen.
D'Kostümer fir d'Fotoen ze maachen kënnen op Ufro beim LEADER Büro ausgeléint ginn. Ufro wgl. mindestens eng Woch am Viraus.
Ausfluch an d'Steekolle vu Stengefort

Bekannt Perséinlechkeeten aus Miersch

zip | 25.79 Mo
Télécharger
Eng Informatiounstatioun am Mierscher Park weist 4 bekannt Perséinlechkeeten aus Miersch. D'Statioun bidd d'Méiglechkeet ee klengt Spill ze maachen fir d'Persounen an hiert Wierken zu Miersch kennenzeléieren. Wien d'Aktivitéit léiwer am Klassesall mëscht kann sech d'Würfele vun der Statioun och aus Karton am LEADER Büro ausléinen.
Bekannt Perséinlechkeeten aus Miersch

Buch Balafré

zip | 5.88 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir den Cycle 4
D‘Buch Balafré ass am Kader mam LCD-Annexe Miersch entstanen a erzielt d‘Geschicht vun der So Balafré fir d‘SchülerInnen aus dem C4 mat passenden Illustratiounen. D‘Buch an d‘Geschicht kënnen am Däitschunterricht benotzt ginn oder als Astig an d‘Thema Wëllef.
Buch Balafré

Modell a Maquette Al Schmelz

zip | 100.81 Mo
Télécharger
D‘SchülerInne vum Cycle 4 kënne mat dësem Fichier selwer e Modell vun der Aler Schmelz zesummebastelen.
D‘Schmelz ass gewise wéi se em d‘Joer 1915 zu Stengefort tatsächlech stoung a funktionnéiert huet. De Modell ass am Moossstaf vun 1:20. Et ass recommandéiert am Virfeld den Animatiounsfilm „Al Schmelz“ ze kucken.
Modell a Maquette Al Schmelz

Modell Mierscher Schlass

zip | 61.96 Mo
Télécharger
D‘SchülerInne vum Cycle 4 kënne mat dësem Fichier selwer e Modell vun Mierscher Schlass zesummebastelen.
Et gëtt eng Ausféierung féodal an eng contemporain. De Modellbau gouf unhand vu verschiddener Quellen zesummengestallt. De Modell ass am Moossstaf vun ongeféier 1:20.
An enger uschléissender Diskussioun kann een Austausch iwwert déi architektonesch Entwécklung, d'Geschicht an d'Schlasshäre stattfannen.
Modell Mierscher Schlass

Rallye - Station Schloss

zip | 4.3 Mo
Télécharger
Bei dësem Quiz ginn de SchülerInne 17 Froe gestallt mam Zil duerch d‘Spill verschidden Informatiounen iwwert d‘Mierscher
Schlass gewuer ze ginn.
Et ass eng Aktivitéit dobausse bei där d‘SchülerInnen duerch gemeinsaamt Entdecken op spilleresch Manéier historesch Daten iwwert d‘Mierscher Schlass gewuer ginn.
Rallye - Station Schloss

Réimesch Spiller

zip | 3.79 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir de Cycle 4.
Eng Uleedung mat verschiddene réimesche Spiller déi een z.B. kann zu Miersch bei der réimescher Villa op Mies spillen. D'Spiller kënnen awer och am Klassesall gemat ginn. De Stomachion an déi passend Würfelen kann een am LEADER Büro ausléinen.
Réimesch Spiller

Visite guidée Al Schmelz

zip | 1.02 Mo
Télécharger
Bei dëser Visitt guidée kréien d'SchülerInnen d‘Funktiounsweis vun der ehemoleger Aler Schmelz zu Stengefort erkläert.
Um Flyer ass de Plang ze gesinn, wéi de Site deemools ausgesinn huet an d'Funktioune vun den eenzele Gebaier sinn erkläert. Mat engem Quiz, engem Animatiounsfilm an der Kreatioun vun engem klenge Gadget gëtt d'Visitt ofgeschloss. D'Aktivitéit kann direkt beim Guide gebucht ginn (Kontakt am Fichier).
Visite guidée Al Schmelz

Wëllef zu Miersch - Spill a Bastelen

zip | 2.62 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir de Cycle 4
En klengt Spill gëtt en Astig an d'Biologie vum Wollef. Passend zum Spill kënnen Maske gebastelt ginn.
Wëllef zu Miersch - Spill a Bastelen