HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm um Internetsite vum Projet HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Ufroen fir Material auszeléinen kënne per Email oder Telefon gemat ginn.

Mir freeën eis iwwer all Ufroen a Réckmeldungen:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

1. und 2. Weltkrich - Miersch fréier an haut

zip | 20.64 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir de Cycle 4.
Zwee Spiller fir d'Verwennung am Unterrecht bei deenen d'Kanner Miersch wéi et virun 100 Joer war kenneléieren a de Verglach mat haut zéie kënnen.
1. und 2. Weltkrich - Miersch fréier an haut

3 clever Butzen

zip | 2.54 Mo
Télécharger
Ee Nomëtten mam Maria, Myriam a Marco zu Mamer...
Eng Virliesgeschicht iwwert d’Gemeng Mamer mat Illustratiounen. Kanner aus méi héije Cyclen, kënnen d’Geschicht selwer liesen.
Inhalt: Soen a Legenden, wichteg Plazen an historesch Perséinlechkeeten aus der Gemeng
3 clever Butzen

Bekannt Perséinlechkeeten aus Miersch

zip | 25.79 Mo
Télécharger
Eng Informatiounstatioun am Mierscher Park weist 4 bekannt Perséinlechkeeten aus Miersch. D'Statioun bidd d'Méiglechkeet ee klengt Spill ze maachen fir d'Persounen an hiert Wierken zu Miersch kennenzeléieren. Wien d'Aktivitéit léiwer am Klassesall mëscht kann sech d'Würfele vun der Statioun och aus Karton am LEADER Büro ausléinen.
Bekannt Perséinlechkeeten aus Miersch

Buch Balafré

zip | 5.88 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir den Cycle 4
D‘Buch Balafré ass am Kader mam LCD-Annexe Miersch entstanen a erzielt d‘Geschicht vun der So Balafré fir d‘SchülerInnen aus dem C4 mat passenden Illustratiounen. D‘Buch an d‘Geschicht kënnen am Däitschunterricht benotzt ginn oder als Astig an d‘Thema Wëllef.
Buch Balafré

Handwierksberuffer fréier an haut - de Kuelebrenner

zip | 18.22 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir de Cycle 4
Sammlung vun Inhalter iwwert de Beruff vum Kuelebrenner. D‘SchülerInne kënnen unhand vum Material an den Informatiounen e „Lapbook“ iwwert dëse Beruff, deen bis Ufank 1900 an eiser Regioun vill Léit beschäftegt huet, zesummestellen.
Handwierksberuffer fréier an haut - de Kuelebrenner

Iwwersiichtskaart Mamer

zip | 16 Mo
Télécharger
Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng Mamer gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Iwwersiichtskaart Mamer

Mamer Zäitblietchen

zip | 16.07 Mo
Télécharger
Eng Zeitung mat Artikelen aus de verschiddenen Epochen vun der Geschicht erzielt d‘Geschicht vun der Gemeng Mamer. D‘Zeitung bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten oder Themen ze schwätzen. Vun dëser Zeitung ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen oder d'Zeitung an anere Fächer notzen (z.B. am Sproochenunterricht).
Mamer Zäitblietchen

Modell Mierscher Schlass

zip | 61.96 Mo
Télécharger
D‘SchülerInne vum Cycle 4 kënne mat dësem Fichier selwer e Modell vun Mierscher Schlass zesummebastelen.
Et gëtt eng Ausféierung féodal an eng contemporain. De Modellbau gouf unhand vu verschiddener Quellen zesummengestallt. De Modell ass am Moossstaf vun ongeféier 1:20.
An enger uschléissender Diskussioun kann een Austausch iwwert déi architektonesch Entwécklung, d'Geschicht an d'Schlasshäre stattfannen.
Modell Mierscher Schlass

Rallye - Station Schloss

zip | 4.3 Mo
Télécharger
Bei dësem Quiz ginn de SchülerInne 17 Froe gestallt mam Zil duerch d‘Spill verschidden Informatiounen iwwert d‘Mierscher
Schlass gewuer ze ginn.
Et ass eng Aktivitéit dobausse bei där d‘SchülerInnen duerch gemeinsaamt Entdecken op spilleresch Manéier historesch Daten iwwert d‘Mierscher Schlass gewuer ginn.
Rallye - Station Schloss

Réimesch Spiller

zip | 3.79 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir de Cycle 4.
Eng Uleedung mat verschiddene réimesche Spiller déi een z.B. kann zu Miersch bei der réimescher Villa op Mies spillen. D'Spiller kënnen awer och am Klassesall gemat ginn. De Stomachion an déi passend Würfelen kann een am LEADER Büro ausléinen.
Réimesch Spiller

Réimeschen Entdeckungskoffer

zip | 2.64 Mo
Télécharger
Am réimeschen Entdeckungskoffer si verschidde Reproduktiounen aus der Réimerzäit presentéiert. Alles kann vun de Kanner ugepaackt ginn. 3 passend Bastelaktivitéiten begleeden dës Aktivitéit. De Réimerkoffer kann am Kader vum Geschichtsunterricht am C4 - Die Gallo-Römer zum Asaz kommen a kann z.B. als Astig an d'Thema genotzt ginn. De Koffer kann op Ufro beim LEADER Büro ausgeléint ginn (Informatiounen am Dossier). D'Ufro muss wgl. mindestens eng Woch am Viraus gemaach ginn.
Réimeschen Entdeckungskoffer

Wëllef zu Miersch - Spill a Bastelen

zip | 2.62 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir de Cycle 4
En klengt Spill gëtt en Astig an d'Biologie vum Wollef. Passend zum Spill kënnen Maske gebastelt ginn.
Wëllef zu Miersch - Spill a Bastelen