Materialiwwergab vum Projet HistoSchool Simmer (Habscht)

22/06/2022

De Westen vu Lëtzebuerg huet eng spannend Geschicht. Mee di grouss Majoritéit vun den Awunner an de Schüler aus der Regioun wëssen näischt vun dëser Vergaangenheet, wëll si ni der breeder Ëffentlichkeet bekannt gemaach gouf. Dobäi ass d’Kenne vun der eegener Heemecht eng wichteg Viraussetzung, d’Qualitéit vu sengem Wunn- oder Heemechtsduerf ze schätzen an d’Erënnerung un di al Geschicht, d‘Sehenswürdigkeeten an d‘Traditiounen oprecht ze erhalen.  
D’Presidentin vu LEADER Lëtzebuerg West, d’Christiane Eicher-Karier, huet d’Plus-valuë vu LEADER genannt an huet de Projet „HistoSchool“ presentéiert, wärend d’Nathalie Simon op déi eenzel Aktivitéiten agaangen ass, déi am Kader vum Projet ausgeschafft gi si fir de Schüler a Schülerinnen d’Geschicht vun hirer Gemeng an hirer Regioun spilleresch méi no ze bréngen. 
Sämtlech Dossiere kënnen um Site www.letzebuergwest.lu/histoschool gratis erofluede ginn.

Aktuelles