Virbereedung vun der LEADER Lëtzebuerg West Strategie 2023-2029

24/03/2022

Den europäesche Fërderprogramm fir de ländleche Raum (LEADER) start 2023 an déi nei Fërderperiod. Fir kënne vun den europäesche Gelder ze profitéiere muss eng Regioun eng Kandidatur stellen.

Dës Kandidatur besteet aus enger Gebittsanalys an enger Entwécklungsstrategie.

D’Entwécklungsstrategie gëtt mat de Partner um Terrain op Basis vun der Gebittsanalys definéiert. Dës Prozedur huet stattfonnt duerch en ëffentlechen Opruff fir Projetsiddien, wéi och duerch thematesch Atelieren.

De 14. an 21. Mäerz hunn dës thematesch Atelieren an der Hal Irbicht zu Biereng stattfonnt.

D’Participante konnten sech am Virfeld an ee vun de folgenden Themeberäicher aschreiwen:

Soziales

Jugend, Inclusioun, Chancëgläichheet, Méigeneratiounen, nei Wunnformen etc.

Ëmwelt/nohalteg Entwécklung /Energie

Natur, Energie, Ëmwelt, regional Produkter, Kreeslafwirtschaft etc.

Kultur

Kulturierwen, Traditiounen, Evenementer etc.

Tourismus

Entwécklung vun touristesche Produkter, Fräizäit etc.

Dës Atelieren hunn erlaabt sech mat de Partner aus der Regioun auszetauschen, Wëssen ze deelen an u gemeinsame Projetsiddien ze schaffen.

D’Resultater vun dësen Ateliere ginn an d‘Entwécklungsstrategie vun der Regioun Lëtzebuerg West agebonnen an erlaben d’Ziler fir déi nächst 7 Joer ze setzen.

D‘Entwécklungsstrategie gëtt viraussiichtlech am Summer 2022 presentéiert.

Aktuelles