Aktuelles

  • Biergerbedeelegungsprojet jugend4room an der Gemeng Habscht26/01/2021

    Den 22. Januar 2021 war Jugend4room online iwwer Facebook aus dem Jugendhaus Äischen
    mat der Jugendkommissioun Gemeng Habscht.
    Déi Jonk konnte sech mat folgende Froe beschäftegen:
    1. Wat ass mir wichteg an eiser Gemeng?
    2. Wat wëlle mir änneren?
    3. Wéi wëlle mir dat maachen?
    4. Wat brauche mir dofir?

  • 1. Infoversammlung vun der regionaler Energie Cooperative LEADER Lëtzebuerg West 21/11/2019

    Den 19. November huet déi éischt Infoversammlung vun der Cooperative LEADER Lëtzebuerg West zu Tënten stattfonnt. D'Christiane Eicher-Karier, Presidentin vu LEADER Lëtzebuerg West huet d'Bierger begréisst an huet d'LEADER Initiative virgestallt. Den Ed Buchette, President vum Conseil d'administration vun der Cooperative huet erklaërt wéi de Projet zu staane koum, huet d'Membere vum Conseil virgestallt an och d'Ziler an d'Fonctionnement vun der Cooperative. Déi technesch Détailer zu den Anlagen huet de Paul Kauten vum Energiepark Réiden ginn. Am Uschloss haten d'Participanten d'Méiglechkeet fir Froen ze stellen an d'Gemeng Helperknapp huet d'Leit op e Patt invitéiert.
    Déi interesséiert Leit wou gëschter net konnten deelhuelen, fannen d'Presentatioun souwéi de verbindleche Bulletin de souscription de part(s) ënnert www.ecoop-west.lu

  • De Ländleche Raum a seng Entwécklung : E puer Andréck vu lëtzebuerger Perséinlechkeeten 05/11/2019

    Am Kader vun 30 Joer Entwécklung vum ländleche Raum ass e kuerze Film produzéiert ginn bei deem lëtzebuerger Perséinlechkeeten dervun erzielen wat si mat dësem Begrëff verbannen.

  • Projet SlowTrips - Rees an Umbrien 04/11/2019

    Vum 21. bis de 24. Oktober hu mir eng Rees an Umbrien, Italien ënnerholl, wou d'Partner aus de 9 Länner sech ausgetosch hunn, a flott Slowtrips-Iddie gewise kruten.

  • Regional Energie Cooperative LEADER Lëtzebuerg West04/11/2019

    Sidd dir interesséiert fir an d'Projeten vun der regionaler Energie Kooperativ ze investéieren?
    Da kommt op déi 1. Versammlung fir d'Bierger vun de Partnergemengen Miersch, Helperknapp, Mamer, Stengefort, Käerch, Garnech an Habscht.
    Rendez-vous ass den 19. November um 20:00 Auer am Koschteschbau zu Tënten - 2, rue de Hollenfels.