Aktuelles

  • Vernissage Expositioun "Balafré" am Mierscher Kulturhaus 09/09/2019

    D'Buch "Balafré und das Wolfsrudel im Merscher Wald" ass am Kader vum LEADER Projet HistoSchool entstanen. De Projet huet d'Zil Unterrechtsmaterial an Aktivitéite fir d'Grondschoulen an der Regioun ronderëm d'Geschicht vun den Uertschaften a Gemengen auszeschaffen an dat an direkter Zesummenaarbecht mat de Schoulen.
    Déi historesch So iwwer Wëllef aus dem Mierscher Bësch, baséiert sech op eng Erzielung vum Roger Hilbert, d'Illustratioune si vu Schüler vum Lycée classique de Diekirch – Bâtiment de Mersch.

    De Vernissage vun der Ausstellung ass op Invitatioun dënschdes, de 24. September um 18:30 Auer am Mierscher Kulturhaus.


    D'Expo ass vum 23. September bis de 27. Oktober 2019 op fir de Public.

  • Touristesch Broschür "Salve Viator" - Voyagez sur les pas des Romains08/07/2019

    Am Kader vum transnationale Kooperatiounsprojet « D’une villa romaine à l’autre au pays des Trévires » ass ufanks Juli déi touristesch Broschür "Salve Viator" - Voyagez sur les pas des Romains an däitscher, franséischer, englescher an hollänescher Sprooch erauskomm.
    Demnächst op eise Prospektstänner an der Regioun ze fannen oder ze bestelle beim LEADER-Büro Lëtzebuerg West
    via email: lw@leader.lu oder um Telefon: 26 61 06 80

  • Ubrénge vu Stickeren op de Vëlosschëlter04/07/2019

    Am Kader vum LEADER Projet "Mam Vëlo am Westen 2" sinn de 26. Juni Stickeren ubruecht ginn op déi bestoend Schëlter wou de Cyclist informéieren iwwert d'Pente an de Belag vun der Piste an awer och iwwert den Trafic.

  • CultTrips Formatioun "Train the trainer"03/07/2019

    Vum 17. bis den 18. Juni huet d'Formatioun "Train the trainer" a Rumänien stattfonnt. Deelgeholl hunn d'Julia Schrell an de Max Zacharias.
    Déi nächst Formatioun "Train the trainer" fënnt vum 17.- 20. November zu Lëtzebuerg statt.

  • Infoversammlung regional Energie-Kooperativ am Kader vum Projet Klimbera 24/06/2019

    Am Kader vum Projet KlimBera huet den 12. Juni zu Miesdref bei Miersch eng Informatiounsversammlung fir d'Partnergemenge stattfonnt. Et ass drëms gaangen,
    eng regional Energie-Kooperativ op d'Been ze stellen.
    De Paul Kauten vum Energiepark Réiden an de Luc Friedrich vum Service écologique Gemeng Miersch stoungen de Participante Ried an Äntwert.