HistoSchool

HistoSchool

HistoSchool - Lokal Geschicht an der Schoul

Wëllkomm op um Internetsite vun HistoSchool. Héi fannt Dir Unterrechtsmaterial ronderëm geschichtlech Themen aus de Gemengen Garnech, Habscht, Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

D’Dossiere kënne gratis erofgeluede ginn.

Iwwert de Filter op der lénker Säit kënnen d'Inhalter no Gemeng, Themegebitt a Cycle ugewise ginn.

Mir freeën eis iwwer all Réckmeldung, Froen, Iddien oder Virschléih:

LEADER-Büro Lëtzebuerg West
1, rue de l'Eglise
L-7481 Tuntange

  +352 / 26 61 06 80
 lw@leader.lu

Atelier Wäsche fréier an haut

zip | 5.67 Mo
Télécharger
Aktivitéit fir de Cycle 3
A villen Dierfer existéiert nach e Wäschbuer vu fréier. Eng Aktivitéit iwwert d‘Thema Wäschen - fréier an haut, mat 2 Geschichten.
D‘Zil vun der Aktivitéit ass et de SchülerInnen d‘Ënnerscheeder ze weisen tëschent dem Wäsche fréier an haut. Durch de prakteschen Deel gëtt hinne vermëttelt, wat Wäsche fréier bedeit huet am Verglach zu haut. Dat neidegt Material kann beim LEADER Büro ausgeléint ginn.
Atelier Wäsche fréier an haut

Dinosaurier in Brouch

zip | 3.71 Mo
Télécharger
Zu Brouch am Steebroch goufe virun e puer Joer Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fonnt. Wéi kommen déi dohinn a wat war dat fir en Dinosaurier?
Bei dëser Aktivitéit kënnen d'SchülerInnen dat erausfannen. Si gruewen en Ee aus, klappen et
op an entdecke bannendran en Dinosaurier(skelett) aus Plastik. Eng Geschicht féiert un d'Aktivitéit erun.
Dinosaurier in Brouch

Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

zip | 5.96 Mo
Télécharger
Aktivitéit recommandéiert fir d‘Cyclen 1-4.
Geschichten iwwert d‘Legenden aus der Gemeng Helperknapp. D‘Geschichte sinn einfach opgebaut a kënnen als Virliesgeschicht benotzt ginn awer och ab dem Cycle 3 vun der SchülerInne selwer gelies ginn. D‘Illustratioune weise wat an de Geschichte geschitt.
Geeschter, Wiichtelcher a verschwonnen Dierfer

Iwwersiichtskaart Helperknapp

zip | 2.55 Mo
Télécharger
Bei der Aktivitéit léieren d‘Schüler/innen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Gemeng Helperknapp. Eng staark vereinfacht Kaart wéist déi verschidden historesch Sitten a Legenden déi et an der Gemeng gëtt unhand vu klenge Biller. D‘Kaart bitt domat eng Grondlag fir mat de Schüler/innen iwwert eenzel historesch Sitten ze schwätzen. Vun dëser Kaart ausgoend kann een den Astig a verschidden historesch Theme maachen, iwwert Sitten déi een an der Gemeng fënnt an déi d‘Schüler kennen.
Iwwersiichtskaart Helperknapp

Theaterstécker aus 3 Epochen

zip | 2.84 Mo
Télécharger
3 verschidden Theaterstécker fir jeeweils 5-6 Kanner aus dem Cycle 4.
Themen: Gallo-Réimer, Mëttelalter an 2. Weltkrich.
All Theaterstéck ass komplett mat Regieuweisungen a Kostümer, déi kënnen um LEADER Büro ausgeléint ginn.
Theaterstécker aus 3 Epochen

Topographesch Kaart Gemeng Helperknapp

zip | 10.59 Mo
Télécharger
Eng topographesch Kaart vun der Gemeng Helperknapp fir d‘Verwendung an de Course vun der Geografie am Cycle 4.
D‘Kaart bitt eng Grondlag fir mat de Schüler/inne verschidden Themen ze behandelen déi am C4 an der Geografie um Programm stinn.
Topographesch Kaart Gemeng Helperknapp